Portfolio
Ech sinn de Christophe Sauber, Grënner vun Atlensation an e passionéierte Fotograf. Mäin Zil ass et, authentesch Momenter, eenzegaarteg Perspektiven an éierlech Emotiounen a menge Biller festzehalen.Meng visuell Welt beweegt sech tëscht Dynamik an absolutter Rou. Als Spezialist fir Auto-, Event- an Dronefotografie fänken ech d'Energie vum Moment an – sief et déi fléissend Linne vun engem Gefier a Beweegung oder déi authentesch Emotiounen op engem Event. Besonnesch faszinéiere mech Perspektiven aus der Loft; den Asaz vun enger Dron erméiglecht et mir, ganz nei Bléckwénkelen ze weisen, déi Geschichten aus enger neier Dimensioun erzielen. Donieft begeeschtere mech Landschaften, wou ech déi onberéiert Schéinheet vun der Natur an zäitlose Biller festhalen. Egal ob um Buedem oder an der Loft: Mäin Zil ass et, bei all Opnam Ästhetik an d'Erziele vun enger Geschicht mateneen ze verbannen. Loscht ob e gemeinsame Projet? Loosst eis Är Geschicht erzielen.
Puer vun menge realiséierte Projekter
01
Rallye vir Fondation Kiwanis

„Kiwanis Classic Car Event“, déi vum Kiwanis-Club zu Lëtzebuerg organiséiert – eng Rallye vu ronn 200 km fir Oldtimer an Youngtimer (25 Joer an méi al).
02
Interview am Planet People bei RTL
![Screenshot_20250620_221338_Gallery[1].jpg](https://static.wixstatic.com/media/73d11d_7dc59ad72a8f437792d8958e4fcbe60c~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_549,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/Screenshot_20250620_221338_Gallery%5B1%5D.jpg)
Freides, den 20.07.2025, war ech bei RTL Planet People ob der Tele, vir iwwert meng Passioun ze schwätzen
03
Shooting am Cargocenter
![DSC09885[1].jpg](https://static.wixstatic.com/media/73d11d_1ecb807e9667419a83a605ca5bbac182~mv2.jpg/v1/fill/w_819,h_460,al_c,q_85,enc_auto/DSC09885%5B1%5D.jpg)
Ee vun den Highlights bis lo, war de Shooting vir Cargolux am Cargocenter um Findel. no iwwer 4 Méint Preparatioun war et du souwäit an ech konnt Fligere vu Cargolux a Szene setzen.
04
Biller an der Chambre Commerce

No puer Visitte konnt ech mat der Chambre Commerce um Kiechbieg dëse Projet realiséieren, lo hänken 9 vu menge Biller am Konferenz an am VIP Sall
05
European Hillrace zu Luerenzweiler

2025 an 2026 konnt ech den European Hillrace zu Luerenzweiler fotograféieren. Dëst Event ass extrem spannend an et ass ëmmer rëm schéin sou no drun ze sinn
06
Fotoworkshop mat der Natur an Emwelt
![Screenshot_20250619_062522_M365_Copilot[1].jpg](https://static.wixstatic.com/media/73d11d_88bd05abd8994a878fea6f207262ba46~mv2.jpg/v1/crop/x_0,y_34,w_1440,h_715/fill/w_980,h_487,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/Screenshot_20250619_062522_M365_Copilot%5B1%5D.jpg)
Am Juli 2025 hunn ech e Workshop ofgehale vir de Léit meng Passioun mei no ze bréngen, de Workshop war ausgebucht an ech hunn de Léit um Terrain Fotografie erkläert
07
Visite mam Grand-Duc

Den 14.05.2025 hat ech dun Chance an éier eng Visite vum Grand-Duc Henri ze begleeden, dest am zesummenhang mat der Aweihung vun der "Place Grand-Duc Henri" zu Senneng
08
Internationalen MG Treff zu Lëtzebuerg
![DJI_20260718194953_0170_D[1].jpg](https://static.wixstatic.com/media/73d11d_5cddce544cde4797960c3ec38256a817~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_551,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/DJI_20260718194953_0170_D%5B1%5D.jpg)
Am Juli 2026 hunn ech kennen den Internationalen MG Treff zu Lëtzebuerg kenne begleeden. Dëst war besonnesch Interessant, well virun allem déi mei jonk Generatioun präsent war
Meng Servicer

Event Fotografie
Dir plangt en Event, zb eng Versammlung, e Gebuertsdag, eng Party oder e Patt, da kann ech Iech Fotoe liwweren
.jpg)
Auto Fotografie
Dir hutt en Treffen, oder dir wëllt gären ären eegnen Auto a Seene setzen, egal ob stationär oder Rolling Shots, gäre kann ech Iech Fotoe maachen

Dronen Fotografie
Fotoen aus der Loft sinn ëmmer spektakulär. Dir wëllt en Event, oder soss eppes aus der Loft gesinn, ech kann Iech hëllefen
Galerie
Puer vu menge beschte Biller
Shop
Kontakt
atlensation@gmail.com
Standort
Luxemburg, Europa























